Schüler*innen ginn excuséiert fir streiken ze goen. An den Deeg virum Streik wäerten d’Régenten Lëschten an hier Klasse matbréngen. Wann ee sech op deene Lëschten aschreift, heescht dat, dass ee streike geet an doduerch ass een dann excuséiert. Wann ee sech net aschreift an awer mat streike geet, gëllt dat als een Non-excusé.

Oflaf vun den 3 Routen

Oflaf Geesseknäppchen:
Vum Alima aus duerch de Rodange, ECG a Kolléisch.
Rassemblement: Parking iwwert dem ECG um 10:00
Départ: 10:15

Oflaf Lampertsbierg:
Vun den eenzelne Schoulen aus op de Point de rassemblement
Rassemblement: Plaatz virum LGL fir 10:15
Départ: 10:30

Oflaf Gare:
Rdv fir Schoulen aus dem Rescht vum Land
Rassemblement: Parvis virun der Gare um 10:15
Départ10:30.

All d’Cortègen treffen sech no hire Routen op der Place Clairefontaine wou dann vun verschiddenen Organisatiounen Rieden gehale ginn.

Streik-Routen