Streik.lu

Et spuert een net un der Bildung!

Streik – FAQ

a) Demonstratioun dëse Freideg

1) Wou/Wéini fannen d’Demonstratiounen statt?
2) Meng Schoul ass net an der Stad, kann ech trotzdem matmaachen?
3) Wéi kommen ech an d’Stad?
4) Bei mir an der Schoul weess nach kee vum Streik, wat lo?
5) Däerfen och Schüler aus dem Cycle inférieur (7ème bis 4ème) mat streike goen?
6) Kréien ech een „Non-Excusé“ wann ech beim Streik matmaachen?
7) Mäi Régent wëll eis net goe loossen, meng Proffe kooperéieren net, wat elo?
8) Ech sinn deen Dag guer net zu Lëtzebuerg, wéi kann ech iech trotzdem ënnerstëtzen?
9) Maan ech beim Streik mat wann ech doheem bleiwen?
10) Wéi muss d’Excuse fier d’Schoul ausgesin déi meng Elteren ënnerschreiwe mussen?
11) Ech hunn nach aner Froen!

b) 6670 – Firwat streiken?

1) Wourëms geet et beim Streik?
2) Wat ass d’Zil vum Streik?
3) Ween mécht matt beim Streik?
4) Ass ee Streik wierklech néideg?
5) Hu Studenten ‘souvill’ Suen verdéngt? Sidd dir net einfach just liddereg?
6) Ass et dem Staat seng Aufgab de Studium ze bezuelen?
7) Muss een sech net schummen, well Matstudent*innen aus anere Länner nach manner kréien?

a) Demonstratioun dëse Freideg


1) Wou/Wéini fannen d’Demonstratiounen statt?
Et ginn 3 Cortègen an der Stad (Hei fënns du eng Kaart )

– Gare
Rassemblement: 10:15 Parvis firun der Gare
Départ: 10:30
– Lampertsbierg
Rassemblement: 10:15 Plaatz firum LGL
Départ: 10:30
– Geesseknäppchen
Rassemblement: 10:00 Parking uewen hannert dem ECG
Départ: 10:15

Zil: Place Clairefontaine
Dauer: Bis max. 14:00

2) Meng Schoul ass net an der Stad, kann ech trotzdem matmaachen?
Jo! All d’Schüler*innen aus dem Land sinn opgeruff an hunn d’Recht sech ze bedeelegen. D’Schoulen aus dem Rescht vum Land huelen den Zuch/Bus fir spéitstens um 10:15 an der Stad op der Gare ze sinn an bedeelegen sech um Cortège, dee sech virun der Gare um Parvis rassembléiert.

3) Wéi kommen ech an d’Stad?
Miersch Gare – Luxembourg Gare:
Zuch um 9:19 (arrivée 9:40) an um 9:30 (arrivée 09:45)

Ettelbréck Gare – Luxembourg Gare:
Zuch um 9:20 (arrivée 9:45) an um 9:35 (arrivée 10:10)

Woltz Gare – Luxembourg Gare:
Zuch um 9:05 (arrivée 10:10)

Iechternach Gare – Luxembourg Gare:
Bus um 8:15 (arrivée 9:06), um 8:45 (arrivée 9:43) an um 9:15 (arrivée 10:06)

Diekrëch Gare – Luxembourg Gare:
Zuch um 9:07 (arrivée 9:45) an um 9:20 (arrivée um 10:10)

Péiteng Gare – Luxembourg Gare:
Zuch um 9:33 (arrivée 9:49) an um 9:44 (arrivée um 10:08)

Mamer-Lycée – Luxembourg Gare:
Zuch um 9:25 (arrivée 9:33)

Bartrëng, Ecole Européenne II – Luxembourg Gare:
Zuch um 9:26 (arrivée 9:57) an um 9:41 (arrivée 10:12)

4) Bei mir an der Schoul weess nach kee vum Streik, wat lo?
Mell dech bei dengem Schülercomité an informéier deng Frënn, deng Klass etc. Schreift méiglechst vill Leit aus ärer Schoul un, a mell dech och beim Streikkomitée (zB. iwwer FB). Mir zielen drop, dass dir iech och ënnerteneen organiséiert. All Informatiounen fannt der op streik.lu

5) Däerfen och Schüler aus dem Cycle inférieur (7ème bis 4ème) mat streike goen?
Jo! Dëst Gesetz trëfft all d’Schüler, déi sech zukünfteg fir e Studium (oder och eng Ausbildung am Ausland) entscheede wäerten. Dowéinst ass ALL Schüler opgefuerdert matzemaachen.

6) Kréien ech een „Non-Excusé“ wann ech beim Streik matmaachen?
Et gëtt KENG „Non-excuséen“! Bei dëser Manifestatioun dobäi ze sinn ass d’Recht vun all Schüler*innen, dat huet och den Educatiounsministère accordéiert. An den Deeg virum Streik mussen d’Régenten Lëschten an hier Klasse matbréngen. Wann ee sech op deene Lëschten aschreift, heescht dat, dass ee streike geet an doduerch ass een dann excuséiert.

7) Mäi Régent wëll eis net goe loossen, meng Proffe kooperéieren net, wat elo?
Et gëtt ëmmer Proffen, déi sech opspille mussen, an hire Schüler Angscht maachen. Dozou hu si awer kee Recht. Looss dech vu kengem dovun ofhalen op d’Demonstratioun ze kommen. D’UNEL an de Steikkomitée wäerte sech och NO der Demonstratioun staark dofir asetzen, datt et KENG negativ Konsequenzen hu wäert, wann’s du matgaange bass. Mell all Virfall: info@unel.lu

8) Ech sinn deen Dag guer net zu Lëtzebuerg, wéi kann ech iech trotzdem ënnerstëtzen?
Mir hunn eng Online-Demo lancéiert bei där et drëms geet dat heite Bild erauszeprinten, d´Stad an däers de grad bass drop ze schreiwen an dech mat deem Bild zesumme fotograféieren ze loossen. Am Beschten an dengem Unisgebai oder soss engem Hannergrond, deen deng Staat ausmécht. Weider Informatiounen hei: https://streik.lu/streik/online-demonstratioun/

9) Maan ech beim Streik mat wann ech doheem bleiwen?
Doheem bleiwen ass net streiken, jiddereen kënnt moies normal an d Schoul an dann Verloossen d Schüler*innen all zesummen d Schoulgebai an maachen sech op den Wee op d’Demo. Et gëtt een net excuséiert fir doheem ze bleiwen mee fir mat streiken ze goen an domat een Zeechen un d Politik ze setzen, dass mer net averstanen sinn mat den geplangten Kierzungen.

10) Wéi muss d’Excuse fier d’Schoul ausgesin déi meng Elteren ënnerschreiwe mussen?
Hei e Modell deen’s de kopéire kanns:
Prière d’excuser mon fils / ma fille ………………….. pour avoir manqué/e des cours, vendredi le 25 avril 2014.
Il lui était impossible de fréquenter les cours, car il / elle devait prendre soins de ses responsabilités en tant que citoyen et défendre le droit à des études abordables.
Je vous prie, Monsieur, Madame, d’agréer l’expression de mes sentiments distingués,


11) Ech hunn nach aner Froen!
Schreif eis: info@unel.lu

b) 6670 – Firwat streiken?


1) Wourëms geet et beim Streik?
De Minister Meisch wëll ee Gesetz („6670“) séier duerch d’Parlament boxen, dat eng dramatesch Kierzung vun de Studiebäihëllefe fir d’Student*innen bedeit. Beim Streik geet et drëm, dass sou vill Leit wéi méiglech matmaachen an domat ze weisen, dass mir eis net alles gefalen loossen.
Mir ginn op d’Strooss, well mir net domat averstane sinn, dass d’Regierung de Staatsbudget wëll op eis Käschte sanéieren. De 6670 ass eng massiv Kierzung: 90% vun de Student*innen sinn dovunner betraff a vill potentiell Student*innen wäerten sech kee Studium méi leeschte kënnen. Mir streiken och, well mir der Meenung sinn, datt Student*innen erwuessen, eegestänneg Mënsche sinn, déi autonom decidéiere kënnen, wat a wou si studéieren. De 6670 schéckt d’Student*innen zeréck an d’Ofhängegkeet: d’Wiel vu Studium an där Stad, wou een*t studéiert, ass da vun hiren Eltren ofhängeg a keng eegestänneg Décisioun méi.
Detailléiert Kritiken vun villen Organisatiounen fënns du op https://streik.lu/gesetz6670/

2) Wat ass d’Zil vum Streik?
Well d’Schüler- a Studentevertrieder a Verhandlungen net weiderkommen, well de Minister Meisch net nogëtt a sou séier wéi méiglech dëst Gesetz duerchboxe wëll, musse mir eise Protest ëffentlech maachen. E Streik kann immens vill Drock op d’Regierung ausüben a si dozou zwéngen, op déi Jonk ze lauschteren.

3) Ween mécht matt beim Streik?
Um Streik trieden all déi Betraffe fir hir Rechter an. Dat si souwuel Student*innen, wéi Schüler*innen, mä och Elteren a Familljen. Deng Präsenz ass wichteg, fir ze weisen, wéi vill Leit protestéieren. Déi Betraffe sinn net alleng: Um Streik bedeelegen sech och offiziell Student*innen Organisatiounen wéi d’UNEL an d’LUS, dat jonkt Kënschtler*innenkollektiv Richtung22., Jugendparteien wei d’JSL, d’Jonk Lénk, d’Jonk Piraten an d’JCL. Ënnerstëtzung kënnt awer och vun der Proffegewerkschaft SEW, vun der gréisster Gewerkschaft vu Lëtzebuerg OGBL, vum LCGB a vun der Partei déi Lénk.

4) Ass ee Streik wierklech néideg?
Et gouf schonn vill Gespréicher mat der fréirer Madame Minister an dem neie Minister, wéi och mat aneren Organisatiounen, déi un dësem Thema schaffen. Mee mir sinn an dësen Gespréicher net méi weider komm. Mir sinn elo op iech ugewisen fir ze weisen, dass an der Bevëlkerung eng grouss Mass vu Leit net mam 6670 averstanen ass. Mir brauchen dësen „Drock vun der Strooss“ fir an de weidere Gespréicher kënnen weider ze kommen an de Minister ze zwéngen, de Protest endlech seriö ze huelen.

5) Hu Studenten ’souvill‘ Suen verdéngt? Sidd dir net einfach just liddereg?
D’Student*innen kréien schonn lo wesentlech manner wéi den onqualifizéierte Mindestloun, dobäi hu si, wann ee Virliesungen, Übungen, Seminairen, Laboen, Léieren etc. zesummenzielt mëttlerweil [virun allem wéinst dem Bologna-System (Bachelor/Master)] oft méi wéi 50 Schaffstonnen d’Woch. D’Student*innen bezuelen Loyer a mussen selwer fir hir Liewenskäschten opkommen: Schonn haut ginn vill vun de Student*innen Weekend’s oder Owes/Nuets schaffen fir iwwert d’Ronn ze kommen.

6) Ass et dem Staat seng Aufgab de Studium ze bezuelen?
D’Regierung seet, dass de Staat net méi vir alles opkomme kéint an net méi alles finanzéiere sollt. Duerch d’Gesetz 6670 gëtt de Staat Verantwortung of a belaascht nees Familljen. Dobäi kommen gutt ausgebillte Jonker awer der ganzer Gesellschaft zegutt. Leit e Studium z’erméiglechen ass eng Zukunftsinvestitioun, déi sech och fir de Staat lount. Dass de Staat et net méi als säin Zil ugesäit, all Mënsch den Zougank zum Studium z’erméiglechen, ass déi traureg Konsequenz vun enger Austeritéits-Politik, mat där de Staat d’Käschten, déi d’Bankekrise verursaacht huet mat de Studie-Sue vu Jonken zeréckbezuele wëll. Wann Bäihëllefen ze niddreg sinn, fänke manner Leit mat engem Studium un – an dat kann net d’Zil vun engem Staat sinn, dee vu sengem tertiären Secteur ofhängeg ass.

7) Muss een sech net schummen, well Matstudent*innen aus anere Länner nach manner kréien?
Op kee Fall! Et hunn zwar vill Studenten eng Zort schlecht Gewëssen, mä dat hëlleft Leit aus aneren Länner natierlech näischt. Et ass vill besser, hei zu Lëtzebuerg ee gutt Bäihëllefe-System ze fuerderen, fir datt aner Länner sech ee Beispill un eis huelen (genee wéi mir eis ee Beispill un Dänemark huelen) amplaz an der Logik sech ëmmer géigesäiteg rofzestufen. Dëse Streik maache mir och, well et eise Bäitrag vu Lëtzebuerg aus ass, fir fir europawäit héich Standarden ze kämpfen.Och dowéinst kritt eise Protest international Ënnerstëtzung: zum Beispill d‘ Österreichische Hochschüler_innenschaft, déi gewielten Vertriedung vun allen Student*innen an Éisterräich, ënnerstëtzt eise Protest.

7 Kommentare

  1. Knopf Benjamin

    23. April 2014 at 19:00

    Moien alleguer,

    Ech froen mech, firwat en Streik?
    Bei der neier Schoulreform war
    et dach genau daat nemlecht,
    jidderen war mat streiken mee
    schlussendlech huet et naischt
    genotzt.

  2. Marlène Duhr

    23. April 2014 at 20:10

    Moien Benjamin Knopf,
    Wann een di doten Anstellung huet, kann een neicht erreeschen. Wann een net alles probéiert fir sech duerchzesetzen, dann kann et och sin dann een neicht erreescht. Huet den Urmensch och gesoot, wann den Säbelzahntiger op en zoukomm ass: Och neen, daat netzt jo souwisou neicht, well ech stierwen jo souwiesou mat enger héichprozenteger Chance. Wéi kann een eppes verlaangen, wann een net selwer alles derfir mescht. Et kennt neicht am Liewen engem an den Schouss gefall an am allermansten Suen an eng Aarbescht. Ech wees net ops de studéiers oder waats de studéiers. Stell der mol fir du mess deng 1re oder 13eme. Maat haardem Fläiss erschafft. An dann stees de mam Fanger am Mond do, wells de absolut keng Zukunftchance hues, well weder deng Elteren, nach den Staat der et erméiglechen kennen/wellen, der dein Studium ze finanzéieren. Et war awer vill Aarbescht fir seng 1re /13eme ze packen oder net?
    Wann mer no souvillen Versich scheiteren, dann kennen mer soen: Et brengt neicht. An dann kennen mer gerechtfärdeg onzefridden sin. Elo ass Zeit fir sech ze manifestéieren, an net fir sech an der typescher letzebuerger Haltung zereckzelehnen an mol oofzewaarden.

  3. Dei nei Schoulreform ass dach nach guer net emgesaat ginn an mol net vun der Chamber voteiert gin? An dem Senn kann een jo awer net soen dat Demonstratioun zur Schoulreform naischt bruecht huet.

  4. Musse mier Meinden een ziedel mat an d scheul huelen fier ze weisen dad ma wieklech do waren?

  5. Wei lang dauert den streik?

  6. Main Proff weigert sech sistematech ann ech weeß net op een aneren Proff an menger Schoul eng fun denen Leschten huet. Kann ech mech irgendwei anescht aschreiwen?

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*

* Copy This Password *

* Type Or Paste Password Here *

© 2017 Streik.lu

Theme von Anders NorénHoch ↑