Et spuert een net un der Bildung

FB-Event_NEU_04-bilan-streik_01

17’000 Jonker woren den 25.04. an der Strooss, fir géint den Projet de Loi 6670 ze protestéieren. Mat voller Energie hu déi Jonk protestéiert, dat si lo fir d’Staatsfinanzen ze sanéieren bezuele sollen. Vill kloer Rieden, vill déitlech Posteren an Banneren an dausenden Schüler*innen déi haart géint des Ongerechtegkeet ugebläert hunn: déi Jonk hu gewisen, dat si sech net alles gefale loossen. Sou eng riseg Demo huet Lëtzebuerg zanter laanger Zäit net méi gesinn, och d’Police hat d’Gréisst vun dëser Demo komplett falsch ageschat.

Den Oflaf vun der Manifestatioun

(Rapportéiert vum Aktiounskomitée)

Virbereedung:

Nodeems kloer wor, dat déi Gespréicher mam Minister Meisch néierens hiféieren: well déi vill Kritiken einfach net seriö geholl ginn, parallel Fakten geschafe goufen an keen den Minister dru gehënnert hätt, dësen Dossier einfach duerchzeboxen huet misste reagéiert ginn fir Opmierksamkeet op dësen Dossier ze lenken. E Streikkomitée gouf aberuff an Partnerorganisatiounen an Schülerkomitéen zesummengetrommelt. D’Mobilisatioun ass gutt verlaf, och well vill Jonker schonn virdrunner op d’Problematik opmierksam gi sinn. Matt Plakater, Flyeren an iwwer Internet gouf weider informéiert an iwwert de Gesetzprojet 6670 opgekläert. Déi zwee Deeg virum Streik goufen Front-Banner gemolt, Briefing-Versammlungen ofgehalen an sech och online op den Streik virbereed.


Den Dag selwer, woren déi eenzel Gruppen schonn fréi Moies op de Startpunkten. Och op der Place Clairefontaine gouf een Podium an d’Anlag opgeriicht fir prett ze sinn wann d Cortègen ukommen. En Online-Team huet vun hallwer 7 Moies un Kommunikatioun a Live-Ticker iwwerholl.

Geeseknäppchen:

Startpunkt wor eng Versammlung vun Schüler*innen virum Rodange. Flyeren mat Informatiounen zur Route goufen ausgedeelt. Den Direkter vum Rodange huet matgedeelt, dass hien de Schüler sot se sollten an den Haff goe wann se wéilte mat streiken. Hien huet dono d Dieren zougespaart. Mat de Schüler*innen vum Rodange ass et dunn rof bei den Alima gaangen, déi e bëssi méi spéit Paus hunn. D’Schüler*innen aus dem Alima hu scho gewaart. Sireen duerch d Megafonen. Et woren wierklech vill Leit zesummekomm!
Erop duerch den Haff vum Rodange, wou een op vereenzelten Fënsteren Schüler*innen a Proffen gesinn huet sech dat Ganzt unzekucken an tëschent dem Gebai vum Kolléisch a vum ECG duerch. Am Kolléisch huet een nach Klassesäll voller Schüler setzen gesinn. Duerch de Megafon war ze héieren: „Allez Schüler*innen aus dem Kolléisch! Streikt fir Är Zukunft! Äre Schülercomité informéiert iech falsch!“ Virum Kolléisch hu och schonn richteg vill Schüler*innen vum ECG a vum Kolléisch gewaart. No kuerzer Bespriechung mat der Police huet sech de Cortège op den Wee gemaach well mer de längste Wee virun eis haten.



Laanscht den Merler Park ass et op d’Avenue du X Septembre gaangen, laanscht de Park iwwert d’Avenue Monterey bis op den Aldringer. Laanscht d Plëss bis bei d’rue du Fossée an vun do erof bis op d Place Clairefontaine. Et wor deen éischten Zuch deen ukomm ass, an deen alleng huet d’Plaz schonn richteg gutt gefëllt.

Lampertsbierg:

Treffpunkt um Lampertsbierg wor d’Plaz virum LGL. Vu fréi Moies un goufen schonn Flyeren virum LTC an Lucius verdeelt. Och duerno goufen d’Schüler*innen weider mobiliséiert, an opgeruff op den Treffpunkt virum LGL ze kommen. Beim Lucius waren direkt relativ vill Leit dobaussen, beim LTC sinn mer nach emol mat Megafon an Sirenen duerch d’Schoul gaangen. E klenge Grupp vun ca. 80 Schüler*innen ass mat eis laanscht de Vauban gaangen, mer hunn Kaméidi gemaach an d’Schüler*innen opgefuerdert sech net aschüchteren ze loossen an fir hiert Zukunft matzestreiken. D’Dieren woren awer zou an eng Proff stoung dobaussen ze kucken, dass keen d’Schoul verléisst an Jonker, déi schonn dobausse stoungen nees eranzeschécken. Schlussendlech hu sech awer eng 10 Schüler*innen eis ugeschloss. Immens vill Schüler*innen vum Schumann an dem Arts et Métiers goufen och virun den LGL geholl. Beim LGL wor schonn eng grouss Mass vu Leit versammelt. Weider Flyeren mat Infos zum Streik/6670, Demo-spréch an dem Oflaf vun der Route goufe verdeelt. Um 10:30 Auer ass et dann lassgaangen.
Iwwer d’Av. Victor Hugo, durech d’Allée Scheffer. Duech Av. de la Faïencerie an den Park, uschléissend queesch iwwert de Bd Royal an d’rue des Bains. Duech d’Av. de la Porte-Neuve eran an d’Groussgaass. Iwwert d’rue du Fossé laanscht d’Chamber an op d’Place Clairefonaine, wou scho déi ganz Plaatz vollstoung.

Gare:

Op der Gare sinn ë.a. all d’Schüler*innen vun ausserhalb ukomm. Scho fréi moies gouf et Meldungen vun iwwerfëllten Zich vun Ettelbréck, Woltz an Dikkrech, a volle Busser aus Iechternach wou leider och vill Leit et dowéinst net gepackt hunn an d’Stad ze kommen. Vun Esch aus sinn Sonder-Zich gefuer, vum LGE selwer ass schonn eng grouss Manif bis op d’Gare zu Esch gelaf. Den Undrang op der Gare war sou grouss, dass d’Demo schonn um 10 Auer huet missen lassgoen, fir d’Masse vu Leit net an der Gare an souguer op den Quaien stoen ze loossen.

Nach bis 10:30 sinn awer nach Leit op der Gare ukomm. De Kapp vun der Demo wor do schonn net méi wäit vum Viaduc fort. De ganze Cortège wor immens haart, déi Jonk hunn alles wat mat friddleche Moyenen méiglech wor gemeet, fir dat dëse Protest nach laang an Erënnerung bleift. Béi der Bréck huet d’Police laang gewaart fir d’Bréck fir den Trafic ze spären (bal 15. Minutten) an et si dee Moment schonn eng 500 Leit laanscht d’Front-Bannere a Richtung Clairefontaine gelaf.
Nodeems de Cortège Drock gemaach huet a sech Richtung Viaduc beweegt huet, gouf schlussendlech d’Bréck einfach vun eis fir den Trafic zougemaach.

De Schluss vum Cortège krut (géint 10:45) vun der Police verbueden op der Strooss ze goen. Wéi de Kapp vum Cortège iwwert d Bréck war, huet d’Police gesot, dass dëse Cortège net duerch d‘ rue de la Congrégation passe géif. De Cortège gouf dann an rue Notre-Dame ëmgeleet, wou nach eng Kéier gutt Kaméidi gemaach gouf.

D’Place Clairefontaine wor de Moment schonn iwwerfëllt an de Garer Cortège ass an der rue Notre-Dame hänke bliwwen. En Deel vun de Leit huet sech iwwer d’Trape beim Knuedler Richtung Place Clairfontaine op de Wee gemaach, ass vun do aus awer och net méi op d’Place Clairefontaine komm. Trotzdem hunn d’Leit weider Stëmmung gemeet.

Place Clairefontaine:

De Cortège vum Geeseknäppchen Route waren déi Eicht op der Plaatz, schonn dunn wor d’Plaz gutt gefëllt. Et ass Musek ugemaach während op déi aner Demozich gewaart gouf. Géint 11:00 Auer sinn dann d’Leit vum Lampertsbierg iwwert d’rue du Fossé ukomm an dann ongeféier zäitgläich déi vun der Gare duerch d’rue Notre-Dame. Kuerz drop stoungen d’Leit schonn bis wäit op den Knuedler zeréck.
Bal iwwer eng Stonn goufe vu Leit vun deenen verschiddenen Organisatiounen vum Streikkomitée, mä och vu villen Schüler*innen spontan Riede gehalen an op eenzel Detailer a grouss Zesummenhäng opmierksam gemeet. Et ass kloer ginn, dat des Generatioun, déi duerch Jugendchomage etc. Schonn lo am meeschten ënnert der Kris ze leiden huet, lo net bereet ass och nach d’Staatsbudget-Sanéierung mat hirer Studentenbourse ze bezuelen.


Online Presse-Revue zum Streikdag

National

Journal: (1) (2)
Radio 100,7: (1)
RTL: (1) (2)
Wort: (1) (2) (3) (4)
L’essentiel: (1) (2) (3) (4) (5) (6)
Eldo: (1)
Tageblatt: (1) (2) (3)
Quotidien: (1)
ZLV: (1)
Radio ARA: (1)
Goosch: (1)

International

Tierischer Volksfreund: (1)
REPU: (1)
SWR: (1)
Revolution News: (1)