(03.06.2014 virun der Chamberskommissioun)

1504130_570702113048736_6779855978478178281_n

Als éischt wollten mer iech merci soen dat mir haut hei an d’Chamber invitéiert goufen fir ierch eisen Avis zu der geplangter Reform vun den Studienbaihelfen firzestellen. Et ass gudd ze gesin dat eng Regierung dei sech als „partizipativ an fortschrëttlech“ bezeechent, dem Vollek endlech erlaabt um Debat deel ze huelen. Schlussendlech sin mir d’Experten zu desem Thema an am Geigensaatz zu McKinsey kritt der eis Hëllef gratis.

– – – – – – – – – – – – – Deel 1 – – – – – – – – – – – – – INTRO

1) Intro: Protest
Fir eis an den Context ze platzéieren, wollt ech drun arënneren em wat et hei geet. Wéi der wësst huet den Härr Meisch den 20ten März den Projet de loi 6670 präsentéiert. Doropshin ass eng Protestbewegung entstaan déi zanter Meint net un Energie verléiert. 17.000 Schüler*innen and Student*innen hun démonstréiert, 2 Petitiounen goufen ungeholl, immens vill Positiounspabeieren an Oppen Bréiwer goufen geschriwen. Et gin vill Leit déi eis Mailen geschriwwen hunn an eis deelweis vun Situatiounen an Ängscht erzielt hunn, déi eis selwer iwwerfuerderen. Dozou herno vlait e puer Beispiller…
An dann hun mir en détailléierten Avis ausgeschaff den mer iech haut nach eng kéier präsentéieren.
Dir gesidd, déi Jonk sinn engagéiert an ginn fir hir Zukunft op d’Strooss. Dat ass eppes wourops d’Politik onbedengt reagéiere muss, wann se net ee wierklechen Schueden dervun droe wëll.
Dobei mussen net just déi richteg Äntwerten op d’Kritiken fonnt ginn, mä och ee gudden Emgank matt deene Jonken, déi sech asetzen. Do ass haut, den eischten Schrëtt an dei richteg Richtung gemach gin.

2) Firwat des Reform?
Mir stellen eis dann als éischt d’Fro, wisou des Reform iwerhapt lo gemach gëtt. Well als eenzegen Grond, fir iwwerhaapt des Reform unzefänken an lo ganz séier virum Summer nach duerchzebrengen gëtt ëmmer just „eng Käschtenexplosioun“ genannt. Et geet also vu vir eran net drem, e gudden System ze entwecklen, mä alleng nëmmen drem ze spueren.
Dat parallel zu der Verdräifachung vun de Käschten, eng Verdreifachung vun den Student*innen statt fonnt huet, gëtt do vergiess. Ween vun Käschtenexplosioun schwätzt, gesäit d’Bildung just als Ausgab, an ass net fäheg déi duerch bildungspolitesch Mesuren ereechten Zieler unzerkennen.
Mir wëssen näicht iwwert den Impakt, den Echec oder d’Reussite vum alen System, dofir ass et onverständlech, firwat dese System lo duerch eng Noutléisung remplacéiert gëtt. Den Ben Fayot huet bei der Aféierung vum System Biltgen („6148“) an der Chamberdebat gesot: „D’LSAP dreit dese Projet matt, well et e modernen an sozial fortschrettleche Modell fir Studenteförderung ass“
Deemols huet d’Chamber nach an der Setzung eng Motioun gestëmmt, déi eng Evaluatioun vun deem System virgesinn huet, déi Evaluatioun ass nie gemeet ginn. Déi eischt Fuerderung vum Aktiounskomitee ass et, dat des Evaluatioun gemaach gett, mir laafen soss jo a Gefor een wierklech gudde Modell blann oofzeschafen. Oder genau dei Deeler vun engem System oofzeschaafen dei gudd waren (zb. eng heich Basisbourse)

3) Bildungspolitik ass keng Spuerpolitik
Et soll keen méi behaapten, dat et bei deser Reform em iergendeppes aneschtes geet, wéi em d’Spueren. Wann et em e gudde System goe géif, dann wier jo wuel genuch Zäit do, fir déi néideg Studien ze maachen, an wierklech gründlech ze diskutéieren. Et geet der Regierung also net just em d’Gesamtkäschten, mä schonn alleng dorems onbedingt schonn ab näechstem September Suen anzespueren. Mat desem Ziel huel dir 25.000 Student*innen matt an en geféierlecht Experiment.
Dozou en Zitat vum Claude Adam bei der Aféierung vum System Biltgen: „Mir sinn als Gréng natirlech och der Meenung, dat een a Krisenzäite spuere muss. Mir sinn allerdengs och der Meenung, dat een muss Prioritéite setzen an dat et Gebidder gin wou een net soll spueren. A mir sinn der Meenung, dat ee mat Sëcherheet net an der Educatioun soll spueren. Well wat mir hei maachen, mir spueren un eiser Zukunft, mir spueren un eise Kanner.“
Ausgaben fir Bildung, vläit hat de Claude Adam deemols och drun geduecht, sinn eng Investitioun, déi sech och finanziell fir e Staat lount. Et ass eng preventiv Mesure géint Aarbechstlosegkeet, an et ass eng Aufgab an eng Responsabilitéit vum Staat fir Bildung ze garantéieren.
Lo eng kleng Umierkung zu den Amandementer déi gemach goufen. Déi Amendementer kaschten keen Su! Et gëtt an desem Dossier emmer nees bewosst versicht déi Jonk an d’Öffentlechkeet ze täuschen, andeems de Minister Meisch seet, et géif een net no de Suen, mä noom Bedarf kucken, wat einfach net stëmmt. Seng Amendementer kaschten keen eenzegen Cent méi wéi den initialen Text virgesin hat. Wann een nämlech fir d’Berechnen vun den Ausgaben vun der Sozialer Bourse déi richteg Statistiken, dei d’chambre des salariés gestallt huet, erunzitt, dann gesäit een dat déi Amendementer duerch en Budget finanzéiert gin den duerch falsch Rechnungen généréiert gouf. Et ass onerheiert, dat den Härr Meisch sech dann virun de Mikro bei RTL stellt a seet, hien géif nach eng Kéier 15 Mio. méi an d’Hand huelen. Wei solle mir bei sou PR-Tricker Vertrauen opbauen.
Mir kënnen d’Argument vun „iech geet et awer nach vill besser wei deenen am Ausland“ och schon net méi héieren. Et ass sou verlunn! D’uni.lu bitt Platzen fir 6000 Student*innen. Eng Studieplaz kascht am OECD Schnett iwwer 14.000€ pro Joer. Fir all d’Studenten, déi vun hei aus an d’Ausland studéiere ginn, bezuelen eis Nopeschlänner zesummen also ca. 266Mio€. Mir profitéieren vun anere Länner, mir sinn Bildungsimporteur. An wann mir ee besseren Finanzéierungssystem fir eis Student*innen hunn, dann as dat eppes, wourops een stolz si kann, an net wat een an enger „Course em de schlechteste Modell“ soll ofschafen.
Mir kënnen och drop verzichten dat eis aktuell Studiengäng zum Beispill mat denen vum Härr Meisch verglach gin. Seit der Bologna-reform ass et lo normal dat verschidden Student*innen iwer 30 Stonnen d’Woch Cours hun. Mengen soueen System hun dei mannst Leit hei am Sall matkritt an dir kënnt iech doweinst vlait och net virstellen wei et haut ass.
Et gëtt eng grouss Veronsecherung bei den Jonken, net just an Südeuropa, mä och hei. Och mir kennen Jugendarbechtslosegkeet aus eisem direkten Emfeld, och Arbechtslosegkeet ennert Jonken Akademiker. Mir wëssen, dat och fir eis d’Sich no enger Aarbecht noom Studium net einfach gëtt, CDDen, prekär Beschäftegung, mir sinn och déi, déi zu schlechten Konditiounen iergendwelch Stagen maachen mussen, déi bis mëtt 30 keng Secherheet hu wäerten an net drun denke können eng Famill ze grënnen.
Dowéinst ass d’Fuerderung vum Aktiounskomitee eendéiteg: Des Reform muss onofhängeg vun der Spuerpolitik duerchgefouert ginn.

– – – – – – – – – – – – – Deel 2 – – – – – – – – – – – – – AVIS/BASIS

4) Intro: Eisen Avis, eis Aarbecht als AK
a. – Um Ufank hu mer Positiounen vun der UNEL vertrueden, déi och schonn an Positiounspabeieren dobaussen woren, an d’UNEL huet jo schonn, sou wéi weider aaner Studentenorganisatiounen, matt der Madame Hansen an och 2 mol mam Här Meisch iwwer de PdL geschwat, allerdengs hu mer missen relativ frustréiert feststellen, dat keng vun eisen Umierkungen an de Projet de Loi agefloss sinn. Mir sinn vun deem Moment un zwou Schinnen gefuer: Öffentlechkeet generéieren, Leit informéieren an mobiliséieren op der enger Säit, an eng intensiv Ausernaanersetzung mam Projet de Loi + Consultatiounen matt Parteien a Gewerkschaften op der aanerer Säit. (Wuelgemierkt: PARALLEL zu Uni-Stress an Premiere, är Reform ass lo de beschte Wee, dat mir eis an zukunft net méi engagéiere können, well mer all fräi minutt fir Suen schaffe wäerte mussen, dat geet just, well mer zu 60 sinn, an eis selwer emmer entlaaschten an ofwiesselen)
b. – Mir hunn zwee schwéierpunkter gewielt: 1) hu mer d’Ziler aus dem Gesetzestext geholl „Le système se veut équitable, il garantit l’indépendance de l’étudiant, il prend en compte les frais réels pour subvenir aux besoins de l’étudiant et il respecte la situation socio-économique de l’environnement dans lequel vit l’étudiant.“ An déi hu mir iwwerpréif op se ereecht ginn. 2) hu mir versicht, sou vill wéi méiglech Daten an Fakten erunzezéien, fir eis Argumenter ze beleeen, glecklecherweis hu d’Länner ronderem déi Statistiken, déi eis zu Letzebuerg fehlen.
c. – Mir sinn och amgaangen selwer eng Studie ze lancéieren, fir déi real liewenskäschten vu Student*innen z’ermettelen. Dir gesitt, wan een eng engagéiert Jugend huet, kann een op McKinsey verzichten.
Lo gi mer am eenzelnen op d’Mesuren an, dei den 6670 virgesäit, obwuel mer wessen, dat d’Zäit fir all eis Kritiken net duergeet, mä dir hutt jo den Avis selwer virleien

5) Basisbourse an Onofhängegkeet
– De Montant vun der Basisbourse leit bei 2000€/Joer, an eis ass onkloer, wéi een iwwerhaapt op déi Zomm kennt. Dat sinn 166€/Mount, an dat geet net mol duer, fir regelmässeg an der Kantine vun der uni.lu ze iessen.
– Et wäert Leit ginn, déi just nach déi 2000€/Joer als Bourse kréien, wéi kann behaapt ginn, dat dese Systeem d’Onofhängegkeet vun all Student*in erméiglecht?!?
– De Betrag leit enner deem vum Kannergeld, des Problematik gouf dax genuch thematiséiert. Probleem ass e.a. dat Schüler*innen méi kreien, wéi Student*innen. Vläit interessant eng remarque vum Eugene Berger aus senger Ried vun 2010, an der hien schonn „eng Zort Basisbourse an der Héich vum Kannergeld“ gefuerdert huet. (Domat déi drett vun den 3 Regierungsparteien, déi sech emgedreint huet)
– Zur autonomie, déi den Ben Fayot 2010 sozial fortschrettlech genannt huet: Effektiv sinn et net vill Länner, déi e Modell op der Basis vun der Autonomie vum Student opgebaut hunn, allerdengs sinn et déi skandinavesch Länner, dei dese Prinzip verteidegen. D’Logik ass, dat e Student erwuessen an onofhängeg ass, an net an ofhängegkeet zu aneren betruecht gi soll. Onofhängeg vun den elteren, onofhängeg vun der Famill, mä, an virun allem och onofhängeg vun ze heijen Scholden oder engem Niewenjob, deen d’Studieleeschtung bremst. Dat féiert iwweregens an deenen Länner och zu engem extreem staarken encouragement vun leit aus sozial schwächer Schichten! Et féiert och zu engem wierklech freien Choix vu Studieplaz an Studiefach.
– Wann engem also eppes un der autonomie vun der Student*innen leit, muss een kucken, wéi eng Moyen’en néideg sinn, well et nach keng Studie fir Letzebuerg gett hei e puer zuelen aus dem noen europäeschen Ausland:
–> Dat däitsch Studierendenwerk beziffert an senger rezentester „Sozialerhebung“ d’Duerchschnettsausgaben vun engem Student/enger Studentin an Daitschland op 864€/Mount (= 10.400€/Joer) an gett ee absolute Mindestmontant vun 794€/Mount (= 9500€/Joer) un. Fir de Loyer bezillt een als Student*in am Schnett an Däitschland 298€/Mount
–> Fir Frankräich sinn et d’Zuelen vun der UNEF, Student*innen brauchen 10.500 bis 15.500€/Joer, de Loyer fir 25m² zu Paräis leien aktuell béi 700€ de Mount.
–> aus Eisterreich zuelen vum Institut für höhere Studien: matt 930€/Mount ( = ca. 11.000€/Joer)
– Vun England musse mer fir de Moment d’Käschten onofhängeg vun den extreem heichen Studiegebühren kucken, do gett dei britesch Regierung un, dat Student*innen am Schnett bei 12200 Pont, also baal 15.000€/Joer leien.
– Fir Letzebuerg feelen Zuelen, do sief awer gesoot, dat d’Uni.lu hieren Auslännesche Student*innen reit, op manst 1000€/Mount anzeplangen = e minimum also vun 12.000€/Joer.
– Wann de Ministere well, schecke mer hinnen och gäeren weider Studien zu Liewenshaltungskäschten vu Student*innen queesch duerch Europa, erstaunlech ass just, dat si net selwer duerno gekuckt hunn, ier se an de Gesetzestext geschriwwen hunn, dat den 6670-System géif op déi real leiwenskäschten eng Äntwert bidden.

(FAZIT)
– Den Aktiounskomitee huet sech doweinst dofir ausgesprach, d’Basisbourse op d’Héicht vum Kannergeld ze setzen, dat wieren 4000€/Joer an eng Basis, fir an zesummenhang matt de weideren Leeschtungen d’Autonomie ze secheren. wuelgemierkt wier den Betrag vum Kannergeld, wann een d’Käschtenentwecklung matt abezitt am verglach zu 2010 lo bei 4900€/Joer, wéi d’OGBL rezent virgerechent huet. Eng Studie zu den realen Liewenskäschten wier och immens wichteg, wann een vun Autonomie schwätze wëll, respektiv ereeche well.
– Wann den Regierungsparteien lo awer op ee mol naicht méi un der Autonomie vum Student sollt leien, se léiwer zereck zu traditionelle Familljebiller iwwergeet an d’famillje bezuele loosse well amplaz vum Staat, dann sollten se zumindest ophalen déi Jonk an d’Öffentlechkeet ze täuschen, andeems dovunner geschwat gett, dat d’Autonomie erhale bleiwe géif. An se kéint dann schonn mol „fortschrettlech“ aus der Lescht vun Adjektiver sträichen; an nodeems „tranzparent“ jo schonn rausgeflunn ass, bléiwt onglécklecherweis geschwenn net méi vill iwwereg.

– – – – – – – – – – – – – Deel 3 – – – – – – – – – – – – – AVIS/MOBI

6) Mobilitéitsbourse an d’Bedarfsorientéierung/real Liewenskäschten
– d’Mobilitéitsbourse leit bei 2000/€Joer. Onkloer ass bis lo, wat fir eng funktioun déi Mobilitéitsbourse huet, wéi eng „Mobilitéitskäschten“ des emgerechent 166€/Mount decke sollen an virun allem, wéi een hei vun Bedarfsorientéierung schwätze kann, wann e Student*in an der bellegster Stadt vun Daitschland, also zu Chemnitz an eng Student*in zu Paräis deen nämlechte Betrag kreien…
– Fir d’Problematik nach eng keier kuerz z’illustréieren: Een Student, deen vun Tréier op Berlin studéiere geet, kritt keng Mobilitéitsbourse, een Student, deen vu Waasserbelleg op Treier studéiere geet kritt eng wann en do Loyer bezillt. Kuckt een op d’Zuelen ass séier kloer, firwat des Kritären gewielt goufen: Et trefft „just“ 20% vun de Residentskanner, mä 90% vun den Frontalierskanner.
– Hei ginn äppel mat Bieren verglach: Mir benotzen den selwechten Kritère vun der Grenziwwerschreidung fir Kanner vun Residanten aus eisem klengen Letzebuerg och fir Studeierender aus Frontaliersfamillie wou mer jo wessen datt d’Fläch vum Land wesentlech mei grouss ass an et do eppes ganz anneres bedeit eng „Grenz ze iwwerschreiden“.
– D’Mobilitéitsbourse betount nees eng Wichtegkeet vu Landesgrenzen, d’Iwwerschreiden vun enger Landesgrenz gett zu engem Kriterium. Dat ass anti-europäesch an absolut onverständlech.
– Wichtegste Punkt bei der Mobilitéitsbourse ass de Fakt, dat hei haaptsächlech Kanner vun Frontalieren eidel aus ginn, an aus eisen Gespräicher matt verschiddenen Akteueren wesse mer mettlerweil, dat des effektiv och dat eenzegt Zil dovunner wor, des Kritären sou ze gestalten. Dat schockéiert eis. Dat geet net just géint de Geescht vum EuGH, mä géint all déi pan-europäesch Idealer, déi d’Regieurng virun den Europawahlen gäeren virbruecht huet, an zu der mir Jonker effektiv stinn: De aktiounskomitee kämpft explizit och fir all déi Jonker aus Grenzgängerfamilljen. Op desem Punkt hu mir eis och schonn berode gelooss a matt de Gewerkschaften ofgeschwat: Et gett juristesch gesinn genuch Méiglechkeeten géint des Mesure virzegoen, an dir könnt secher sinn, dat, sollt desen Text sou duerchgoen, nees gekloot gi wäert, an dann gett et peinlech fir Letzebuerg.
– Konkret Beispill: e Fransous, de gäere Droit studéiere geet kann dat net an Däitschland maachen. D’Wiel vum Studiefach ass an verschiddene Fäll u Länner gebonnen, an dat ass och immens sennvoll: Firwat soll een däitsche Student*in d’Land wiesselen, wann en Däitsch Literatur, Germanistik o.ä. studéiere well? Eben grad well déi Jonk net méi sou un Lännergrenzen denken, sichen se sech déi Hécihschoul oder Uni aus, déi am beschten fir si ass. Grad vun engem liberalen Minister hätt een erwaarden dierfen, dat se ee bessi drop setzen, dat jiddvereen selbst verantwortlech fir säi Studiechoix si sollt, an net virgeschriwwe kritt, dat een d’Land verloosse muss fir déi Suen ze kreien.
– D’Froen em d’Mobilitéitsbourse dreinen sech och direkt em d’Uni.lu. Wéi sech vläit nach e puer vun de politesche Vertrieder erennere wäerten, gouf déi Uni 2003 och gegrennt, fir deene jonken den Zougank zur education superieure z’erliichteren. Mat deser Mobilitéitsbourse an matt der Kierzung insgesamt gett des Funktioun wesentlech geschwächt. Et ass kloer (dat weisen Studien aus dem ausland, fir Letzebuerg gett et nees keng Studien) dat Leit, dei hin an hier iwwerleeen, op se iwwerhaapt studéiere goe sollen oder net sech, wann se sech dann fir d’Studiéieren entscheeden dax fir eng Uni, déi méiglechst no ass entscheeden. Et geet eben net em déi puer Leit, déi immens vill Suen vun doheem hunn, an sech dann mat der Bourse een Auto kaafen, mä em all déi Leit, dei hei beim Versuch Abuen ze verhenneren mattgetraff ginn, an dat sinn déi, déi sech net wiere können. Wann gesot gett, dat et wichteg ass, d’Leit z’encouragéieren op unien ze goen, dann muss eben grad d’uni.lu als Chance genotzt ginn och sozio-ökonomesch schwächer Schichten z’ereechen: Hei kann konkret géint Jugendaarbechtslosegkeet zu Letzebuerg gekämpft ginn, wann een Brecken fir déi Leit baut.
– D’uni.lu huet 11 Bachelorstudiegänk an 32 Masterstudiegänk, vun 6000 Student*innen, sinn iwwer 500 Doktoranden, dat heescht, et gett immens vill „eeler“ Student*innen. Doktoranden an Masterstudenten, déi Kanner vun Residenten sinn, déi schonn iwwer Joeren näicht méi „matt doheem“ ze dinn haten, zumindest awer net doheem gewunnt hunn etc. ginn lo, wann se op Letzebuerg zereckkomme geifen nees un den „Stot“ vun hieren Elteren gebonnen, an sollen, wann et noom Herr Minister geet, och nees raplenneren. Natirlech féiert dat dozou, dat sech déi Leit eischter vu Letzebuerg ewech halen, do wier dann d’Fro: kann et sech Letzebuerg leeschten, einfach déi eegen Masterstudenten, Doktoranden an Fuerscher vum Land fortzehalen?
– Et feelen leider schonn nees Studien, fir d’Hannergrenn vun deene Leit ze kucken, déi sech fir ee Studium am Ausland entscheeden. Aus Studien aus dem Ausland ass gewosst, dat am EU-Schnett 2 mol sou vill Leit aus räiche Familljen sech fir en auslandsstudium entscheeden, wei Leit aus sozio-ökonomesch schwächere Familljen.
– Déi Mobilitéitsbourse steet am Widdersproch zum eigentlechen EU-wäiten Erasmus-Austausch, deen jo vun EU an den jeweilegen Unien och finanziell ennerstetzt gett.

(Fazit)
– Natirlech hunn déi Leit, déi nach doheem wunnen, manner Käschten. Mä d’Kritären vun deser Bourse sinn net déi richteg Méiglechkeet, fir z’iwwerpréifen op een déi Käschten dréit / droe muss oder net. Den aktiounskomitee schléit dowéinst fir, d’Mobilitéitsbourse un d’Bezuelen vun engem Loyer ze koppelen an wéist drop hin, dat deen neie System souwiesou schonn virgesäit z’iwwerpréifen, op een Loyer bezillt oder net: Et wier also keen weideren Opwand. Mir als aktiounscomitée betounen nach eng Kéier, dat mir d’diskriminéierung vun Frontalierskanner net akzeptéiere wäerten an weisen drop hin, dat schonn juristesch Schrett zesummen matt de Gewerkschafte geplangt ginn.
– Dobäi sief nach gesot, dat déi Elteren, déi dann tatsächlech hier Kanner wäerend deren hirem Studium nach bei sech wunnen hunn net méi d’Kannergeld zur Verfügung hunn, an eben d’Basisbourse och net an der Heicht vum Kannergeld ass. Nach ee mol: d’Basisbourse geet net mol duer, fir an der Kantine vun der uni.lu z’iessen! Duerch déi niddereg Basisbourse gett d’Mobilitéitsbourse zu enger Famillje-belaaschtungs-bourse, an natirlech trefft et déi sozial méi schwaach.

– – – – – – – – – – – – – Deel 4 – – – – – – – – – – – – – AVIS/SOZIAL BÄIHELLEF

7) Bourse sociale an d’Fro vun der sozialer Gerechtegkeet
Bis lo hate mer déi zwee eischt Seilen (Mob. + Basis), mat deenen nach dat meescht kloer war, d’Prinzipen sinn novollzeihbar, wann d’Heicht an d’Ausriichtung ugepasst ginn:
Eng Basisbourse an der Héicht vum Kannergeld, an eng Mobilitéitsbourse dei kuckt weivill de Loyer kascht, bzw. déi zumindest drop kuckt, op déi Persoun nach doheem wunnt oder net, domat keint een, bei deene richtege Wäerter an zesummen mam Pret schon nees eng Autonomie hierstellen.
Matt sou enger richteger Ausprägung vun dem neie Modell huet sech iwweregens d’UNEL schonn zanter Juni averstaanen erkläert.
Den drëtte wichtegen Pilier ass d'“bourse sociale“. Mir hu gekuckt, wéi d’Aspuerungen, déi d’Regierung par rapport zum System „Biltgen“ maache well verdeelt sinn: Iwwer d’Kritären vun der Mobilitéitsbourse ginn 23Mio€ agespuert, an iwwer d’Bourse sociale 42Mio€, wann een als Berechnungsbasis déi Statistiken hellt, déi d’CSL(chambre des salariés) benotzt an déi wesentlech méi exakt sinn, wéi déi, matt denen d’Regierung rechent.
U sech heescht dat, dat de Staat hei d’Verantwortung zur Finanzéierung vun der Bildung an engem Gesamtbetrach vu 65 Mio€ un d’Familljen ofgett. Dat heescht och, dass et Familljen mat studeierenden Kanner sinn, déi belaascht ginn. Z.B Räich Leit ouni Kanner bezuelen net genausouvill matt fir d’Bildung vun der näechster Generatioun. Ass daat sozial ?
Kloer ass: Student*innen sinn net räich, et kann een also net op d’Recetten vun de Student*innen kucken. Lo just op d’Familljen vun de Student*innen kucken ze goen ass alles, mä net fortschrettlech. Dat et grad eng Regierung ouni CSV ass, déi sech nees dem traditionellen Familljemuster zouwend ass einfach net z’erkläeren.
Kloer ass, dat och duerch déi gréisser Ofhängegkeet de fräie Choix fir Studiefach a Studieplaz a Gefor ass.
Wann een lo dei sougenannten Bourse sociale mei genau ennert d’Lupp hellt, dann mierkt een schnell dass :
– Alt erem net kloer ass, firwat grad de Montant vun 3000€ op d’Sozialbourse entfällt, an doduerch gett den Verdacht och rem mei grouss, dat et just drem geet ee bestemmte Montant anzespueren. Dese Verdacht gett doduerch verschärft, dat d’Amendementer, déi d’Stafflung vun der sozialer Bourse veränneren genee sou ausgeluecht sinn, dat een keen Cent méi par rapport zu deenen Ausgaben, déi ursprünglech geplangt woren, ausgett.
– Zweetens mierkt een dass d’Berechnung vun de Recetten vun engem Stot onvollständeg sinn. Et gett just op d’Akommes gekuckt, net op de Besetz, oder op d’Scholden.
Seu geheiert fier eis d’Unzuel vun de Kanner héi matt ran, an net an eng getrennten „bourse de famille“.
Och ass nach absolut onkloer, wéi d’definitioun vun engem „Stot“ hei fonktionéiere soll, vu que dat een en fairen Modell fir min. 4 Länner (Letzebuerg, Frankräich, Däitschland an Belsch) entweckele muss, deen och jeweils d’Reglungen iwwer Patchwork-familien, Hallefgeschwester, Stéifelteren an Weesekanner matt abezéie muss. Net grad eng simplification administrative…
– Wat geschitt wann d’Elteren net bezuelen? Wéivill Suen däerf een dann lo vun sengen Elteren froen? Wéi sinn déi Jonk rechtlech geschützt? Froen an froen dei mier eis stellen an der Hoffnung eng Entwert ze kreien!
– D’Stafflung vun der sozialer Bourse setzt mettel Revenuen matt héichen Revenuen gläich, se geet JUSTE ! bis 4,5 mol de Mindestloun, woubei et nach Leit gett dei en gudden Grapp mei verdéngen.
– Schlussendlech kommen just 6,4% vun de Student*innen an déi zwou ieweschst Kategorien vun der Stafflung (0-1,5 mol den ML) an verleieren bei der ‚Bourse sociale‘ net. Allerdéngs muss een dovunner ausgoen, dat grad des Leit an deenen ieweschten Kategorien och déi sinn, déi bei der Mobilitéitsbourse verléieren: ennert dem Strëch wäert all Student*in verléieren.

(Fazit)Doraus zéihen mier :
– D’Bourse sociale däerf keen Instrument sinn, dat d’Verantwortung vum Staat op d’Familljen dreckt an doduerch den Prinzip vun der Autonomie a Fro stellt. D’Sozialbourse muss een Instrument sinn, fir sozial Hürden, déi am Moment bestinn ofbauen ze können.
Et muss ee Mëttel sinn fir méiglechst jiddverengem e Studium z’erméiglechen an op déi Villzuel vu Probleemer, déi sech stellen reagéieren ze können.
Mä dofier muss iwwrerhaapt mol rausfonnt ginn, wéi eng sozial Hürden den Student*innen am Wee stinn.
Den Aktiounscomité fuerdert dowéinst niewt enger Studie iwwert de System Biltgen eng Studie iwwer déi sozio-ökonomesch Hannergrënn vun deenen, déi mat der Schoul fäerdeg gi sinn, an deenen déi studéieren.
Et däerf net just de Gehalt vun den Elteren gekuckt ginn, mä vill aner Kritären si wichteg: Alter vun de Student*innen, eegene Bildungswee an Bildungsgrad vun den Elteren, Geschlecht etc.
Donierwt sinn immens vill Detailer beim Studienoflaf wichteg an missten betruecht ginn: Ween wielt wéi eng Fächer an firwat: Kloer ass dat niewt der „Segregatioun“ beim Zougank zur Uni och nach eng „Segregatioun“ teschten de Student*innen existéiert, déi auswierkungen op Studiechoix a Studieleeschtung huet.
– Insgesamt wëlle mir nach eng Kéier betounen, dat mer entsat driwwer sinn, wéi d’Regierung dat Wuert „sozial“ bewosst als PR-Methode asetzt fir d’Öffentlechkeet ze täuschen. Dat féiert e.a. zu sou surealen Situatiounen wéi déi Momenter, an deenen sech den Minister Meisch um 100komma7 doriwwer wonnert, dat Gewerkschaften, lénk Parteien an d’CSL protestéieren, woubäi hien dach eng Sozialbourse erfonnt huet.

– – – – – – – – – – – – – Deel 5 – – – – – – – – – – – – – AVIS/FAM&PRET

8) Bourse de famille
Wei schons firdrun erwaehnt gouf, ass d Bourse de famille als 4. Pilier op Drock vun eisem Protest an d Liewe geruff ginn. Se ass komm als Aentfert op eis Kritik, dass bei der sozialer Bourse d Unzuel vun de Kanner net beruecksichtegt gouf an dass dat eng Quell vun sozialer Ongerechtegkeet wier – dat betrefft naemlech haaptsaechlech Famille mat mei Kanner, eng zousaetzlech Belaaschtung also fir dei, dei schons zousaetzlech Kaeschten hunn.
Et ass alt erem en Zeechen dovun, dass hei eng puer Spuerpolitik bedriwwe gett, wann ee kuckt wei dei nei Bourse drop auserluecht ass, fir rem sou mann wei meiglech Suen auszeginn.
Momentan ass naemlech festgeluecht, dass net Gesamtzuel vun de Geschwester gekuckt gett, mä just Zuel vun de Geschwester, déi och grad d’Aide Financiere kreien. Net also all d Kanner am Stot dei studeieren, oder eng Ausbildung maachen, mee just dei dei vum Cedies hier Bourse accordeiert kruten.
Dovu sinn dei ausgeschloss dei Beruffsausbildunge maachen, dei di Studie maachen dei den Cedies net unerkennt, dei di d Regelstudienzait iwwerschratt hun an hier respektiv Geschwester! Dat heescht wann 2 Kanner aus deem selwechte Stot studeieren, an et kritt eent seng Bourse net accordeiert, dann kritt dat 2. d Bourse de Famille net – dat ass eng duebel Bestroofung an dat setzt d’Geschwester an eng Ofhängegkeet zueneen! Wa schon fir deen een d Ennerstetzung ewechfaellt, dann ass de Stot jo souwisou rem zousaetzlech belaascht, mee do huet dat anert Kand keng Berechtegung op dei zousaetzlech Suen! De plus muss och gesot ginn, obwuel et hei vu Letzebuerg natierlech un genee Daten feelt, dass awer statistesch Tendenziell an eischter bildungsfernen an sozioekonomesch schwaache Steit net onbedingt all Kand studeiere geet, bzw. dax d’Geschwester eischter eng Ausbildung maachen – do kreien d Geschwester also eischter keng bourse de famille wann si als eenzegt Kand studeiere ginn, woubai mer grat an sozial schwaache Milieuen d Studie wellen encourageiren.
Fazit – d bourse de famille erfellt net sain Zweck, fir di sozial Ongerechtegkeet dei vun der bourse sociale mangels mat Aberechnen vun de Geschwester am stot auszeglaichen. Mir fuerderen nach wi vor dass eng bourse, dei sech sozial nennt, och tatsaechlech sozial ass, an dass beim Verdeelen vun de Suen d Gesamtzuell vun dependante Kanner am Stot soll an dei Staffelung mat aberechent ginn.

9) De Prêt, Verscholdung an aner Recetten vu Student*innen
A wou mer scho bei Zousaatzbelaaschtunge sinn, muss ech och hei den Pret uschwetzen.
Den Pret gett emmer rem als Wonnermettel duergestallt, fir dei Leit wou d Bourse alleng net duergeet, wei zum Beispill dei dei keng Sozial Bourse kreien. Des Regierung, déi sech sou staark géint Staatsscholden asetze well, reit en Revanche lo also deene Jonken, sech selwer ze verscholden.
Nieft sozial Facteuren, wei d Bildungsnoheet vum Stot, ass dei zukünfteg finanziell Belaaschtung en entscheedende Facteur beim Choix vum Jonken ob e studeiere geet oder net, an och fir wéi ee Studium en sech entscheed. Wei mir an eisem Avis geschriwwen hunn, hu Studie gewisen dass knapp en Drettel vun de Befrote Studenten hier finanziell Laag en zentral an perseinlech belaaschtende Problem duerstellt, eppes wat sech bei jonke Studentinne besonneg auspraegt an Afloss huet. An firun allem fir Studeirend aus bildungsferne Milieuen beschaeftegt dat.
E jonke Mensch, deen sech scho Suerge mecht doriwwer wei en sai Studium soll finanzeieren, deen iwwerleedt sech et zweemol ob en sech fir e Studium sou deif soll verscholden – firun allem well ee bedenkt, dass och mat engem Diplom an der Hand eng Aarbecht, geschweige denn eng gudd bezuelten Aarbecht, dono net gesechert ass. Et kennt deemno drop un e gudden Equiliber teschent bourse an Prêt ze fannen, an enger Extreemer Verscholdung entgéint ze wierken. De Pret ass naemlech eigentlech keng Entlaaschtung, sou wi de Staat e verkafe well – vu dass de Student deen mat Zensen zereckbezuele muss, ass et eng zousaetzlech Belaaschtung. An dat net nemmen waerend dem Studium, mee och an der Sich no enger Aarbechtsplaatz nom Studium.
Dat den Zenssaz net iwwer de Gesetzestext festgeschriwwe gett, mä emmer seier iwwer Reglement Grandducal geännert gi kann, mecht eis Suergen. Wann d’Zensen klammen ass de Prêt nämlech lo wierklech ee mol ee Punkt, bei deem et zu enger Käschtenexplosioun komme wäert, déi Suen ginn allerdengs dann net u Studenten, mä un d’Banken.
Mir fuereden hei och wei sou oft schon, dass Studie gemaach ginn zum Impakt vun der Verscholdung op dem Studeirenden sai Studiechoix an seng Studieleeschtung. Mir wellen déi iwwerdriwwen Verscholdung fir d’Studenten stoppen an plädéieren och dowéinst fir eng Bourse, déi heich genuch ass, fir d’Leit wierklech z’encouragéieren. Ausserdem gesi mer et noutwenneg fir donieft, dass d’Verzensung gesenkt bezeiungsweis total gestrach gett, och am Kredit Mechanismen ze schaafen, fir dass d Zreckbezuelen op sozioekonomesche Facteuren bedengt ka reduzeiert ginn bezeiungsweis am Noutfall integral ennerlooss ginn. Mee firun allem fuereden mer dass den Deel Bourse fir d Studenten soll generell erheicht ginn, fir dass d Verscholdung net esou heich ausfaellt!
Souvill mol zu den Haaptdeeler vun deem Gesetzestext, déi mer lo all eng Kéier kuerz ugerappt hunn. Zousätzlech hu mir an eisem Avis awer och nach immens vill eenzeln Punkten opgelescht, déi et och onbedingt ze bedenke gett.
– Dauer vun der Ennerstetzung: De Minister Meisch huet firgesinn, dass een d Bourse just waerend der Regelstudienzeit kann ufroen, an en huet fir Master an Bachelor zesumme firgesinn dass een dei just em ee Joer iwwerschreiden daerf. Firdrun hat een fir Master a Bachelor je e Joer zousaetzlech zegudd. Dat huet och seng Grenn! Wat hei als Regelstudienzait bezeechent gett ass eigentlech eischter eng Mindeststudienzeit, also dei kierzesten Zait bannent der een e Studium absolveire kann. Et hänkt vun Studiengänk of, op et och fir Student*innen sennvoll ass, sech no deenen Zäiten ze riichten an dax kritt een vun senge Proffen och geroden, bewosst d’Mindeststudienzäit z’iwwerschreiden, fir sech méi Zäit ze huelen. Et ass eben net d’Geschwindegkeet, déi eppes iwwer d’Qualitéit ausseet.
– Et gett ennerschiddlech bedingungen pro Studiegank, an déi sinn e Käschtefaktor: Sou muss een bedenken, dass verschidden Studiegaeng zaitlech an finanziell verschidden Opwaenn hunn; an de Beraicher Medizin, Konscht an Architektur hunn d Studenten wesentlech mei Materialkaeschten an mei laang Studiendaueren wei an anere Studiefaecher. An Naturwessenschaftlech Studiegäng fuerderen méi Stonnen an der Woch Aarbecht (Medezin 46 Stonnen/Woch) wéi geeschteswessenschaftlech Fächer. wann een niewebei schaffe muss, entscheed een sech also fir aner Fächer oder awer et huet een immensen Impakt op engem seng Studieleeschtung.
– Ausserdem ass de Montant, bis zu 3700 euro fir Studiegebuehren baizekreien, rem net der Realiteit entspriechend. Sait 2010, wou dat eben agefouert gouf, huet sech d Situatioun op ville Plaatzen geaennert – beispillsweis leien d Studiegebuehren an England op ongefeier 3 mol su vill wi de Stat dem Student momentan well zereckerstatten.
Ech keint esou weiderfueren an eenzel Pukten opzielen, well d Ausmooss un Kritikpunkten bei deser Reform einfach astronomesch ass. Dowéinst leee mer jiddverengem, deen herno an der Chamber hei driwwer ofstemme wäert et zu Häerzen, sech matt dem Thema wierklech ausernaaner ze setzen, an net just op de Budget ze kucken. Mir kennen net erlaaben dass schon neess eng Reform iwwert de Knei gebrach gett fir seier Suen aspueren ze kennen, well Donneeen feelen, an well sech keen dei neideg Zait huele well fir des Donneen zesummenzestellen. Op jiddfer Fall ass et sech einfach gemaach, fir di Kaeschtepunkten an der Form vum Pret op de Student ze waeltzen, well de Staat sech d Mei net maache well eng sozial gerecht Reform op Base vun Donneen dei der Realiteit entspriechen ze ennerzeien.

– – – – – – – – – – – – – Deel 6 – – – – – – – – – – – – – FAZIT

– Wat lo matt der neier Reform kennt:
-> wann dem Här Meisch seng Propose duechgesaat gëtt stierzen mir an e Chaos, den de bürokrateschen Erwardungen vum Minister ze verdanken wier. Wann den Här Meisch soueen opwännege System wëll, muss ee sech bewosst sinn datt dëst suwuel fir d’Studenten/innen wéi och fir de CEDIES eng Hellewull vun Arbescht an Dokumenter bedeit. Fir vill Student*innen heescht dat, dat se e Studium net plange können, keng Secherheet hunn, an de CEDIES muss a Puncto Personal wesentlech verstärkt ginn, Suen fir Administratioun amplaz fir Student*innen.
-> Fir kënnen Usproch op Mobilitéitsbourse ze erhiewen misst all Student/in noweisen dass e Loyer bezillt. Wéi genee dat allerdings vu statten soll goen ass net kloer. Zudem kënnt hei dobäi datt déijeeneg déi d’Bourse ufroen schon oft amgaang sinn Loyer ze bezuelen. Dat Ganzt ass folglech alles anecht wéi eng „simplification administrative“
-> Sozialbourse:
->Déi divers beleger vun den Steiererklärungen aus den verschiddenen Länner an vun den verschiddensten Famillen konstellatiounen (Patchwork, allengerzéihend Elteren…) stellen eng weider schwiergekeet fir d’Student*innen an fir den Cedies duer, fir do d’iwwersiicht ze behaalen.
->anticumul: Nach eng Schwieregeet ass d’Ausstellung vun Pabeieren vun den verschidden Gemengen wou d Frontalieren liewen, awer och z.b. den Ziedel vum BaföG (Bundesausbildungsförderungsgesetz). Fir des Dokumenter ze kréien muss een an der Regel iwwer 5 Méint waarden. Allerdings hunn d’demanden awer eng Frist, a waat as wann en an där Frist net dei Bestätegung kritt? En onvollstänegen Dossier gett nämlech oofgelehnt!

-Eise Protest, den Emgang domat a wéi e weidergeet:
-> eise Protest ass net eng Bewegung vun eenzelnen Gremien déi sech an engem Komitee rassembléiert hunn, mee et ass eng Dynamik vun zwou Generatiounen: déi vun den Elteren, a virunallem déi vun de Studenten a zukünftegen Studenten.
-> mir berouen eis net op eisem Erfolleg mam Streik, mee féiren eise Protest weiderhin fort duech Medienpräsenz, eegen Recherchen an d’Erstellen vun Dokumenter an d’Informéiren vun den Interessenten am Volék, wat usech net eis Aufgab misst sinn! Mir selwer kréien Mailen vun Leit geschriwwen, déi lo wierklech Probleemer kréie wäerten an net wessen, wéi et fir si weidergoe wäert, zB. Leit, déi matsen am Studium sinn an déi genee matt deem alen Betrag iwwer d’Ronn kommen. E Meedchen dat eis geschriwwen huet, dat et sech géint de Wellen vu sengen Elteren fir een Moudedesign-Studium entscheed huet huet eis zB. geschriwwen, dat et lo drun denkt ofzebriechen. Eis schreiwen immens vill Schüler*innen, fir dfir déi d’aussiicht op d’Bourse wierklech eng Motivatioun duergestallt huet , sech fir e Studium z’entscheeden, an déi lo immens veronsechert sinn. Eis schreiwen Kanner vu Frontalieren, déi iwwerglecklech hier Studium leschte September ugefaangen, an lo dat eischt Semester hannert sech haten matt der Bourse, an déi lo deelweis 4500€ verléieren an sech op ee Pobeierkrich astelle mussen. Eis schreiwen jonk Doktoranden, déi verleiere wäerten an sech grad och awer probéieren iergendwelch Secherheeten fir hier Zukunft opzebauen. An dann musse mer eis parallel vun ville Politiker ulauschteren, wéi si vun hirer eegener Studienzäit erzielen, an vun sech op d’Studenten vun haut schleissen. Wéi de Claude Meisch seet, et wier keng Onéier niewebäi schaffen ze goen, wéi bewosst Stemmung géint d’Frontalieren gemeet gett, déi jo indirekt d’Schold fir des Keierzungen kreien, well se sech getraut hunn hier Rechter anzefuerderen. Mir mussen eis unheieren, dat dei vill Studenten dei bei komm sinn einfach just eng Käschtenexplosioun duerstellen, dei de Staat net droe kéint. Mir ginn vun der Regierung lächerlech gemeet, wann mer fir Transparenz an Oppenheet vum Debat kämpfen. Mir schaffen lo schon zanter Méint un desem Dossier, parallel zur Schoul, zu den Examen an fir déi meescht parallel zum
Studium, an et sinn e puer Prüfungen schonn doniewt gaangen an wahrscheinlech och ee puer Semester, déi widderholl gi mussen.
-> Mä wann dir lo mengt, dat eis dat eis dat lo dozou brenge wäert opzeginn, hudd der iech ge-iert. Mir wäerten verhënneren dass dei ganz Affair ënnert den Teppech gekiert gëtt, a wärten weiderhin den Drock oprecht erhaalen fir dass dest Gesetz net einfach gestemmt kann gin ouni eisen Protest ze heieren.
-> mir wäerten och weiderhin un dësem Muster vun der öffentlecher Präsenz festhaalen, an hoffen nom heutegen Erauskommen vum Avis vum Staatsroot och zu méi thematesch konkreten Verhandlungen ze kommen.

-Inhaltleche Fazit:
-> vu fir eran bedaueren mir dass net aus de Fehler vun der Schoulreform geléiert gouf, an keen oppenen Dialog mat der Bevölkerung gehaal gouf fir hier Virschléi a Meenung an d’Ausschaffen vun engem Avis anzebezéihen. Firun allem ass et schued dat vun enger Regierung matzeerliwen, dei sech als Neiufank duerstellt an op partizipativ Demokratie setzt.
-> grondsetzlech ass d’Ennerdeelung an Basis-, Mobilitéits- a Sozialbourse fir eis kee Problem, mir woren schon ier dat de Claude Meisch Minister ginn ass un desem Dossier drun an d’UNEL huet kloer Stellung bezunn. D’Emsetzung vun enger gudder Iddi wor awer fatal. Déi respektiv inhaltlech Aspekter sinn stark ze bemängelen vu datt geographesch, organisatoresch, a vill sozial Kritèren net berücksichtegt goufen.
-> des weideren ass e starken Kritikpunkt vun eiser Säit déi willkürlech, onbegrënden Festleeung vun eenzelnen Montanten, déi dozou féieren dass Studenten deelweis de Schüler géigeniwwer benodeelegt sinn, an déi offensichtlech just drop ausgeriicht sinn, méiglechst vill Suen anzespueren..
-> dest ass drop zréckzeféiren dass keng Studien a Sondagen zum Thema bedriwwen goufen, wouduech eng verstänneg a begrënden Festleeung vu verschiddenen Kritèren a Montanten net konnt gewährleescht ginn. Allerdings sinn Recherchen eng absolut Noutwendegkeet wann ee bedenkt datt een hei iwwert d’Zukunft vun Dausenden diskutéiert a bestëmmt. Genauegkeet a kloer Referenzen sinn fir d’Ausschaffen vu souengem wichtegen Gesetz onëmgänglech an et ass onverantwortlech lo 25.000 Student*innen einfach mat an een Experiment ze huelen, vun deem een net weess, wéi et ausgeet.
-> Duech déi grad genannten Lacunen konnt kee gerechten, zukunftsorientéierten Text ausgeschafft ginn, an d’Mängel sinn an denen 3 Boursen rëmzefannen. Mir konnten matt eisem eegenen Avis weisen, dat déi am Gesetz genannten Zieler net ereecht ginn an mir sinn net prett fir d’Akzeptéieren, dat an sou engem wichtegen Dossier Gesetzer just aus budgetäre Motivatiounen eraus gestalt ginn. Hei soll d’Jugend fir eng Kris bezuelen, déi se net verursaacht huet.

Groussen Kontext an Zukunftsangscht:
-> D’Reform vum Här Meisch steet am krassen Widdersproch zu sou villen Prinzipien, déi Letzebuerg an och déi aktuell Regierung vertriede well. Sou baut een net de Fuerschungsstanduert aus, sou investéiert een net an d’Matiere grise, sou bekämpft een net d’Jugendaarbechtslosegkeet an sou schaft een och net besser Perspektiven fir déi Jonk, wéi et firun den Europawahlen op LSAP an DP Plakater sou schéin stoung. Doduech géing et a Lëtzebuerg manner ausgebilden Fachkräft ginn, déi eisem Secteur tertiaire kënnen dingen. Ouni d’Servicer kënnen ze gewährleeschten, kënnen mir den optimalen Erhalt an d’Fuederung vun dem Secteur net garantéieren. Mir musse massiv op Frontalieren zréckgräifen well mir selwer nach ëmmer net genuch ausgebilden Leit hunn. A mir wäerten och an Zukunft net ouni Frontalieren auskommen, an et ass gutt dass mir si hunn. Mee nach wie vor mussen mir an d’Frontalierskanner weiderhin ausgebild ginn fir der Tâche gerecht ze ginn. Amplaatz der nach ëmmer mangelnder Bildung entgéintzewierken, ënnerstëtzt dem Här Meisch seng Reform net d’Bildung vun den Awunner vun der Groussregioun, mee ënnertëtzt eng Baisse vun der Unzuel vun de Studenten, well se et sech deelweis net méi erlaaben kënnen ze studéiren. Mat eisem Beinahe-Monolithismus vum Service-secteur kënne mir eis et net erlaben manner Leit duech e Studium op leschteren virzebereeden.
-> De Projet 6670 ass demno mat Secherheet keng nohalteg Léisung fir d’Land. Et géing wuel momentan massiv gespuert ginn, mee dat géing an Zukunft op eis zréckfaalen well manner Leit den Arbeschtsufuederungen géingen gerecht ginn.
-> Schon elo ass et suguer mat Diplom nëmmi evident eng (/anstänneg bezuelten) Arbeschtsplaatz ze fannen. Och de Minister Meisch huet dëst am Debat um 100,7 ugeschwat, an dofir zitéieren ech: „Et gëtt keng Garantie am Liewen op e festen Job, déi hutt Dir net, an déi kann keen Iech ginn. Déi kann de Minister Iech net ginn, déi kann d’Regierung Iech net ginn, déi kann keen aneren Iech ginn, an och den Diplom ass keng Garantie. Den Diplom ass e ganz gudden Entréesticket. Den universitären Diplom ass e ganz gudden Ticket an d’Arbeschtswelt eran (…)“. D’Fro ass op mir wierklech riskéieren wëllen dass genau den Entreésticket villen verweigert bleift?