D’Rieden an den Débat an der Chamberskommissioun gouf net öffentlech iwwerdroen. Dowéinst gouf alles, wat gesot gouf vun 4 Memberen vum AK protokolléiert.

10441532_570702143048733_1663122045902347393_n

Présent:

– Simone Beissel (DP)
– Christiane Huberty (-)
– Justin Turpel (déi lénk)
– Roger Negri (LSAP)
– Tess Burton (LSAP)
– Taina Bofferding (LSAP)
– Marcel Oberweis (CSV)
– Octavie Modert (CSV)
– Matine Hansen (CSV)
– Diane Adehm (CSV)
– Roy Reding (ADR)
– Eugene Berger (DP)
– André Bauler (DP)
– Claude Adam (déi Gréng)

– Jasmin Maglica (CSJ)
– Ervin Zaljevic (CSJ)
– Pierre Schumann (ACEL)
– Clifton Cano (ACEL)
– Jeff Feller (JDL)
– Marc Ruppert (JDL)
– Gina Arvai (Jonk Gréng)
– Paul Matzet (Jonk Gréng)

– Christian Kremer (JSL)
– Sveinn Grass (Jonk Lénk)
– Jean-François Delaporte (Jonk Lénk)
– Max Fleischhauer (Piraten)
– Ben Allard (Piraten)
– Luca Andreolli (AK6670)
– Sarah Diederich (AK6670)
– Pol Reuter (UNEL)
– Magda Orlander (UNEL)
– Gilberto Cardoso Fernandes (LUS)
– Philippe Biver (LUS)

1) Introductioun

D’Mme Beissel erläutert nach eemol déi wichtegst Geschehenisser aus de leschten Méint fir an d’Thema eranzeféieren.

2) Eis Positioun

Anschließend hunn den AK6670, d’UNEL an d’LUS zesummen eisen Avis presentéiert (30min.).
Eis Rieden sinn hei ze fannen:

http://streik.lu/rieden-chamber/

3) D’Positiounen vun aneren Jugendorganisatiounen:
ACEL:
D’ACEL gesäit sech als méi legitim representativ wéi den AK6670 well si, contrairement zum AK6670, „gewielt goufen“ an X Cerclen repräsenteiert. Op d’Froo ob sie sech fir Frontalieren asetzen sooten se, datt sie d’Letzebuerger Studenten repräsenteieren an domad d’Frontalieren ausschleissen. D’ACEL erklärt dass si sech dem AK6670 net ugeschloss hunn well si „politesch neutral“ wëllen bleiwen an der Meenung sinn dass mir de Kritère net erfëllen. D’ACEL fënnt et kann ee keng konstruktiv Arbeschtweis hunn wann just 1 Partei an eisem Grupp vertrueden ass.
Des Weideren seet d’ACEL dass déi 13000€ (Bourse+Prêt) déi een säit der Reform Biltgen kritt schon deelweis net duerginn. Allerdings kéint een et laut hinnen och net jidderengem all Studium op egalwéienger Plaatz erlaben, a si fannen et och gutt dass een net Narrenfreiheit am Choix vun der Studienplaatz huet. Zitat: „Jo eben, mir sinn eis bewosst, dat mat der Aide net all Ausgabe couvréiert wier, mee eben dat mir sou vill Studium wéi méiglech können finanzéieren, zum beispill wann een Eco wellt an England studéiere goen, dat een dann op Stroossbuerg muss goen, dann ass dat eben sou.“ Bei de Liewenskäschten wier et wichteg just de Studium an net dem Student seng Fräizäitaktivitéiten ze konsideréiren.
A Punkto Basisbourse fuerderen se e Montant vun 2500€, wat dem demnächst reforméierten Kannergeld entsprëcht, sou d’ACEL.
Géint d’Mobilitéitsbourse huet d’Studentenorganisatioun näicht anzewenden. Si zéien et vir, dass zu Lëtzebuerg Studentewunengen gebaut ginn, amplaatz dass een en administrativ opwännegen System mecht, bei dem een noweisen muss dass ee Loyer bezillt. Si rejetéieren also hei eis grad genannten Propose. En général well d’ACEL eng vereinfacht Bürokratie.
Bei der Sozialbourse fuerdert d’Organisatioun dass d’Unzuel vun de Kanner am Stoot konsideréiert gëtt.
Zum Prêt seet d’ACEL dass et um Student läit Verantwortung ze iwwerhuelen, an et ass seng Responsibilitéit ze wëssen wéi en sech verschëld. Si fuederen dass een dat, wat ee bei der Sozialbourse manner kritt, zousätzlech als Prêt kann huelen, wei et lo och am amendeierten Text steet.
Si fannen des Weideren dass all Student schaffen goen kann. Wann een dat net kann mam Studium kombinéiren, muss de Student eben seng Vakanzen dofir opferen.
Wéi den AK6670 fuedert och d’ACEL vun der Regierung dass Studien/Sondagen zu de réellen Liewensbedingungen vu Studenten gemaach ginn, an dass een 2 Joer méi wéi d’Regelstudienzäit d’Bourse ausbezuelt kritt.
Am grousse Ganzen ass d’ACEL mam Minister Meisch senger Propose vum 6670 averstaan, a si wëllen dass de Projet am Gesetz festgehaal gëtt, anstatt am Règlement Grand-Ducal.

CSJ:
D’CSJ-Representanten schwetzen iwwer d’Onofhängegkeet vum Student.
Si distanzéieren sech vum Streik well si der Meenung sinn dass konstruktiv Diskussiounen méi bréngen wéi e Strossenprotest.
Si schéngen en gros mam Minister senger Propose averstaan ze sinn, a gesinn de Projet 6670 als „Rectificatioun vu Fehler“ vum System Biltgen un.
– Encouragement: 2000€ basis + 1000€ wann vill ECTS gesammelt huet. (Déi 1000 keinten am Virfeld als Prêt ugebuede ginn, an dann, wann een d’ECTS ereecht huet an eng bourse emgewandelt ginn). Och de Montant vun den Suen, déi ee fir d’Aschréiwungsgebühren kritt, soll fir verschidden Leit als „Mérite“ erheicht ginn. CSJ well och eng Sensibiliséierungschampagne fir virun ze heicher Verscholdung ze warnen. Zousätzlech zu de Problemer mat der Bourse wëll d’CSJ dass d’Studenten staatlech Hëllef kréien fir de Prêt ze rembourséiren
D’CSJ fënnt dass d’Reform net wäit genuch geet, an aus dem Grond opposéieren si sech dem Projet.

JSL:
D’JSL freet sech wat d’Wierkung vun dëser Reform no baussen ass, well un der Zukunft gespuert gëtt.
Si schléissen sech voll a ganz der LUS un wat d’Problematik vum Projet ugeet, an identifizéieren sech mat de Proposen vun der LUS, dei och Member vum Aktiounskomitée sinn.
Si fannen dass e Studium net mat schaffen goen dierf assoziéiert ginn. Wann ee schafft, gett de Studium méi laang, et studéiert een net sou gutt, an et verschold een sech méi. D’Schaffen goen soll eng Méiglechkeet fir de Student sinn, mee et soll keng Obligatioun sinn.
JDL:
D’JDL haat och Kritiken zum Projet, huet des allerdings net erläutert.
Si kritiséieren den AK6670 well mir eis ufanks kategoresch geweigert hunn eis mam Minister Meisch hannert zouenen Dieren ze treffen, a werfen eis d’Benotzen vu falschen Zuelen fir. Wéieng Zuelen dat sollen sinn hunn si allerdings net gesoot. Si wieren außerdem frou wann den AK6670 net instrumentaliséiert géing ginn.
Am grousse Ganzen begréisst d’JDL de Projet an vertrëtt d’Meenung dass leschteren jidderengem en autonomen Studium no fräiem Choix garantéiert.
Si consideréieren de Projet net als Spuermossnahm, mee als cibléierten Investissement.

Jonk Gréng:
Déi Jonk Gréng sinn positiv zum amendéierten Text agestallt, a sinn frou mat denen 3 Pilieren. Zudem begréissen si d’Bourse familiale, warnen awer dass een op verschidden Familliensituatiounen oppassen muss. Si fuederen außerdem Präzisiounen zu de Studentewunnengen déi a Lëtzebuerg sollen gebaut ginn, z.b. wéini a wou se stinn.
Si weisen nacheemol drop hinn dass eng Studie an Diskussiounen zur Uni Lëtzebuerg néideg sinn. Déi Jonk Gréng wëllen och net dass de Prêt ze vill attraktiv gemaach gëtt well en am Endeffekt mat Verscholdung konotéiert ass.

Jonk Lénk:
Déi Jonk Lénk stëmmen dem AK6670 a senge Krtitiken a sengem Avis zou. Si kritiséiren besonneg déi schlecht Organisatioun vun der Mobilitéitsbourse. Och déi Jonk Lénk fannen dass ze vill Focus op de Prêt gesaat gëtt. D’Jugendpartei fënnt et wier besser de Spëtzensteierensaatz ze erhéigen wéi un der Bildung ze spueren. Si uerteelen dem Minister Meisch säin Optrieden als PR-Aktioun an net als serieuxt Angebot vun engem Dialog.

Jonk Piraten
D’Jonk Piraten bedauren dass d’Sëtzung rëm net ëffentlech wor.
Si hunn eng Rechnung gemaach, fir der Chamberkomissioun ze weisen dass et e Problem mat der Mobilitéitsbourse gëtt. Si zitéieren d’Beispill vun engem Student vu Woltz, den zu Belval studéiert, a keng Mobilitéitsbourse kritt well en d’Land net verléisst.
[ Vu Woltz op Uni.lu Beval: -4h Transport Aller-Retour (Woltz-Belval-Woltz, no offiziellen Zuehlen vun der Mobilitéitszentral), -8h regulären Uni-Cours -2h Préparatioun/léieren (mindestens) -5h Niewenjob den verschiddener fuederen (4 Stonnen schaffen, rëm 1 Stonn Transport) -6h Schloofen (absoluten Minimum wat e Mensch u Schloof brauch) =25h Daag! ]

4) Anschließend konnten ‚Deputéierten e Kommentar ofginn an eis all Froen stellen.

M. REDING (ADR):
Dem M. Reding ass opgefall dat den AK6670 sech vill Suergen ëm d’Frontalieren mëcht. Heen wëll wëssen wéi d’ACEL an d’CSJ sech dozou positionnéieren.
– ACEL: Si representéieren nëmmen d’Lëtzebuerger, déi an hire Cerclen sinn. „Mir representéieren net d’Frontalieren an schwätzen och net fir si“.
– CSJ: Ginn keen Kommentar of.

Mme. HANSEN (CSV):
Si soot eis alleguer merci a betount dass si d’Studenten wéilten ënnerstëtzen. Si sin frou mat der Idee vun engem autonomen Student an wëllen dowéinst d’Basisbourse erhéigen. Anerersäits wëllen si och eng bourse d’encouragement, d.h. dass d’Basisbourse fir gutt Studenten erhéigt gëtt, se ass also vun der Leeschtung vum Student ofhängeg. Si fannen och dass de sozialen Pilier ze vill Gewiicht huet. Si betount och rëm den administrativen Opwand.
Si freet d’JSL op d’allocation d’autonomie& Sozialbourse méi héisch sollen ginn.
-JSL: jo

Mme BOFFERDING (LSAP):
Si freet op mir Zuelen hunn fir ze wëssen wéi et mam System Biltgen war, also op déi 6500€ genuch waren.
– AK6670: Do feelen d’Studien, déi allerdings néideg wieren.
D’Mme Boffering freet dann nach Präzisiounen zum „sozio-ökonomeschen Prêt“.
– AK6670: Déi sozial schwach géifen ënnert d’Ärm gegraff kréien fir de Prêt zreckzebezuelen.
D’Mme Bofferding freet op och d’Fraisen fir d’Aschreiwungsgebühren an egalwéiengem Land, z.B. och England, an egalwéienger Héischt, sollen vun der Bourse gedeckt ginn.
– AK6670: Mir hunn eis do nach keng Limite gesaat, mee déi sollt et usech net ginn.

M. TURPEL (Déi Lénk):
Den M. Turpel lueft eis fir eis Arbescht, an betount dass déi Froen déi heen huet sech éischter un den Minister Meisch riichten (Gëtt ënnerbach vu Claude Adam (déi gréng) an Roy Reding (ADR)).
Dunn freet heen awer d’ACEL ëm Detailer zur Basisbourse, déi si op 2500€ (=reforméiert Kannergeld) setzen wëllen.
-ACEL: D’Kannergeld gëtt reforméiert, an 2500 Euro sinn do eng Richtlinn.
Anschließend freet den M. Turpel op mir Zuelen hunn déi den Effet vum System Biltgen beschreiwen.
– AK6670: Weist nacheemol drop hin dass mir keng Studien/Zuelen hunn, mee dass mir awer gesinn dass méi Leit d’Bourse ufroen, et ginn also méi Studenten. Als Konsequenz dovun hunn mir méi Leit mat engem Héischschoulofschloss.

M. BERGER (DP):
Den M. Berger betount dass eis Invitatioun exceptionnel ass an dass dat net den Normalfall ass. Zudem dréckt heen seng Meenung aus, dass just wéineg Leit nëmmen déi 2000€ Basisbourse géifen kréien.
AK6670: huet doropshinn d’Zuelen nacheemol séier gerechent, weivill Leit schlussendlech just den Basisbetrag kreien.
Den Deputéierten wërft eis fir mir géingen nëmmen d’Extremfäll gesinn, also déi déi de Minimum an déi déi de Maximum un Bourse kréien.

M. ADAM (Déi Gréng):
Déi Gréng stinn voll an ganz hannert dem Projet de loi. Heen fënnt zudem dass de Sozialkritère an déi richteg Richtung geet.
Heen gesäitt eng Contradictioun an eisem Discours. Engersäits wéilten mir dass méi Critèren consideréiert ginn, an anerersäits géingen mir awer soen et wär en ze groussen administrativen Opwand.
Dunn mëcht den M. Adam eng Bemierkung zur Orientatioun vun den Studenten, an dass een eis (Studentenvertrieder) do keng Reprochen kéint maachen.

M. NEGRI (LSAP):
Dem Herr Negri ass opgefall dass d’Studenten net all enger Meenung sinn; nottament d’ACEL an den AK6670. Hien wéilt och rëm eng Motioun fir eng Evaluatioun vum neien an aalen System fir de Verglach kënnen ze maachen. Schließlech betount den M. Negri dass den EuGH och d’Autonomie vum Student net zu 100% fir gudd empfonnt huet.

Mme MODERT (CSV):
Si lueft eis wéi den M. Turpel fir d’Arbescht déi mir geleescht hunn.
D’Mme Modert wollt och wëssen wat d’ADRenalin zur Mobilitéitsbourse steet, mee leider wären si net do.
Dann wollt si wëssen wat d’Definitioun vun enger Famill wär.
– AK6670: De Konzept vun der Famill ass am Projet de loi ze vereinfacht well e just de Ménage kuckt, a Faktoren wéi Stéifschgeschwëster etc. wegléisst.
-D’ACEL wëll dass an dem Punkt Klarifikatioun geschaaf gëtt.
D’Mme Modert freet d’JSL an déi Jonk Piraten op d’Frontalieren dat gläicht wéi mir sollen kréien.
– Jonk Piraten: Jo, si droen schließlech maßgeblech zum Landesräichtum bäi.
– JSL: Si stëmmen de Jonken Piraten zou.

5) Remarquen déi dann nach gemaach goufen

– AK6670: zum M. Berger: Net all Student gëtt vu sengen Elteren ënnerstëtzt.
– AK6670: Kritiséiert d’sozial Staffelung well ëmmer rëm d’gesellschaftlech marginaliséiert Gruppen betraff sinn.
Dorop reagéiert den M. Adam relativ sensibel, well de Sozialkritère a sengen Aan zimlech gutt ass. Heen betount dass sozial (On-)Gerechtegkeet net beim Studium ugeet. An et kann ee kee perfekten System maan, an de Studentenförderungssystem ass numol ofhängeg vum Apport vun den Elteren. Dowéinst muss een „Onofhängegkeet vum Student“ definéiren
– JDL: Heen ass der Meenung dass déi sozial schwaach mam neien System 500€ mei kréien wéi mam aalen. Dëst géing awer nëmmen op déijeeneg zoutreffen, denen hier Elteren manner wéi 1mol de Mindestloun verdingen. An et géif jo nach déi 1000€ fir „Cas extrêmes“ ginn.
-ACEL: Et kann een net all eenzel Persoun gerecht ginn; mat aneren Wieder wëllen si d’Frontalieren zu Gonschten vun de Lëtzebuerger benodeelegen.