27.05.2014

Här di Bartolomeo,
Madame an Hären Memberen vun der Conférence des Présidents,

Mir schreiwen Iech haut, well mir gëschter gewuer gi sinn dass mir fir den 5. Juni an d’Chamberkommissioun zum Enseignement Supérieur invitéiert sinn. Dëse Schrëtt begréisse mir ausdrécklech, a freeën eis, dat d’Chamber op dëse Wee geet.

Mir kruten och matgedeelt dass d’Conférence des Présidents nach d’Modalitéiten vun dëser Entrevue bestëmmen wärt, dowéinst erlabe mir eis iech nach eng Kéier kuerz duerzeleeën firwat mir eis fir sou eng „transmission publique“ staark maachen.

1) Et ass ee grousst Verspriechen vu villen Parteien*), virun an no deene leschte Wahlen gewiescht d’demokratesch Partizipatioun ze stäerken an duerch Transparenz eng gréisser Akzeptanz fir d’Politik z’erreechen. Mir mengen Transparenz misst wesentlech méi gelieft an net nëmmen geschriwwen ginn. Bei dësem Sujet gëtt et e grousst Interessi vun den Betraffenen an vun der Ëffentlechkeet, et ginn 3 Petitiounen, et woren 17.000 Jonker an der Strooss an en Avis vu 42 Säiten gouf ausgeschafft. Et wier den Ideale Moment fir lo och vun der Säit vun der Politik aus mat der partizipativer Demokratie unzefänken an sou och der „Politikverdrossenheet“ entgéint ze wierken.

2) Mir hoffen dat d’Politik genee sou wéi mir selwer déi grouss Mobiliséierung an den breeden Interessi ënnert Jonken fir dësen „politeschen Sujet“ begréisst. Als Aktiounskomitee kréien mir iwwer vill Diskussiounen an Mailen awer och matt, wéi vill Ängscht vill Jonker mam Gedanken un hir Zukunft verbannen. Angscht féiert dozou, dat Leit sech zeréckzéien sech net bedeelegen an deem wëlle mir onbedéngt entgéintwierken. Et ass eis immens wichteg, dat déi Jonk hei d’Signal kréien, dat Politik net eppes Friemes ass, mä ee Wee d’Zukunft mat ze gestalten.

Dowéinst proposéiere mir nach eng Kéier, ouni op den villen negativen Feedback vun den Politiker*innen eis géigeniwwer anzegoen (z.B. dass mir duerch sou Fuerderungen un Kredibilitéit géifen verléieren), dat déi zukünfteg Ausernanersetzungen em dëse Sujet méiglechst oppen gefouert ginn.

An fester Hoffnung, dass dir Iech den Mëttwoch während der Conférence des Présidents fir eist Uleien asetzt,

den Aktiounskomitee 6670


*) Beispiller:
– Wahlprogramm 2013 Déi Gréng: „Wir wollen mehr Transparenz und Effizienz bei den administrativen und politischen Entscheidungsfindungen und werden eine Kultur der „offenen Regierung“ auf allen Ebenen einführen und den direkten Dialog mit den Bürgerinnen und Bürgern fördern.“
– Wahlprogramm 2013 DP: „Wir wollen in Zukunft staatliche Entscheidungsfindungsprozesse und Entscheidungen offen legen.“